Iwwer eis

CAPSULE – fréier videoproductions.lu – gouf gegrënnt vum Journalist Dan Schank a vum Fotojournalist Pierre Matgé. Am Laf vun hire kumuléierten 20 Joer Erfarung bei de grousse Lëtzebuerger Mediegruppe konnte si um Terrain wäertvollen Knowhow bei der Sich no Informatiounen an der Gestioun vun Inhalter, grad ewéi bei der Fotografie an der ästheetescher Duerstellung sammelen.

Komplementar Profiller

Pierre Matgé
Grënner
Pierre Matgé
Grënner
+352 691617115
No sengem Ofschloss vum Institut Supérieur des Beaux-Arts Saint-Luc zu Léck (Belsch) huet de Pierre Matgé vun 2005 bis 2020 als Fotojournalist fir déi verschidden Titele vun de Pressegruppen Editpress a Saint-Paul geschafft. Hien ass Laureat vun engem European Newspaper Award fir seng Dronefotoen, déi am Lëtzebueger Wort verëffentlech goufen. 2020 associéiert hie sech mam Dan Schank an der Firma videoproductions.lu, déi 2022 CAPSULE gëtt.

Dan Schank
Grënner
+352 621753275
No sengem Ofschloss a Medien a Geschicht vun der Justus Liebig-Universitéit zu Giessen (Däitschland) huet den Dan Schank e puer Joer als Videojournalist fir RTL Lëtzebuerg geschafft. Duerno war hien aktiv un der Ariichtung vum Videoproduktiounsservice vun der gréisster Lëtzebuerger Dageszeitung „Luxemburger Wort“ bedeelegt. 2017 verléisst hien d’Press a grënnt d’Firma videoproductions.lu – déi 2022 CAPSULE gëtt.

Liz Wolter
Fotografin/Videomaacherin
Liz Wolter
Fotografin/Videomaacherin
+352 621362839
Nom Bachelor-Ofschloss am Tourismusmanagement un der NHL Stenden University of Applied Sciences huet sech d’Liz Wolter voll a ganz senger Passioun gewidmet, déi hatt scho wärend sengem Auslandsstudium a Kanada begleet huet: der Fotografie. Nodeems d’Liz als fräiberufflech Foto-a Videografin am Kultursektor zu Lëtzebuerg geschafft huet, ass hatt am Dezember 2024 der Ekipp vun CAPSULE bäigetrueden.
Dione Forty
Animatrice/Videomaacherin
+352 621378441
Nodeems hat de BTS “Dessin d’animation” um “Lycée des Arts et Métiers“ zu Lëtzebuerg ofgeschloss hat, huet d’Dione e Bachelor an der Animatioun op der Willem de Kooning Academie an Holland absolvéiert. D’Dione ass forméiert an 2D-Animatioun, Grafik-Design a Video-Montage. Hat mécht Logo-Animatiounen, Motion-Graphics a verschidden 2D-animéiert Biller.

Zoom op eis Expertis

Berodung vum Client, Konzeptioun, Reperage, Tournage a Montage: CAPSULE wéckelt seng Videosprojete vun A bis Z of. Déi méisproocheg Ekipp vu CAPSULE, déi et dank hirer journalistescher Erfarung gewinnt ass, sech um Terrrain ze beweegen, weess, wéi ee villsäiteg Inhalter sammelt, geréiert a synthetiséiert, fir doraus en ästheetesche Video ze maachen, deen Ärem Stil an Äre Besoinen entsprécht. Fir dëst Zil ze erreechen, ass CAPSULE mat deene modernste Kameraen a dem neiste Videomaterial ekipéiert a schafft, wann néideg, mat verschiddene Partner zesummen, dorënner Redakteren an Iwwersetzer fir Off Stëmm Texter, Synchronspriecher, Motion- oder Sound-Designer. Méi gewuer ginn

Zoom op eis Expertis

Si hunn eis scho vertraut

E Projet? Kontaktéiert eis

Dir hutt e Projet fir e Video a wëllt eis deen uvertrauen? Mir freeën eis drop, mat Iech doriwwer ze diskutéieren.

Hei geet et weider